Generalversammlung 2023

Gespeichert von Carine am Mo, 05/22/2023 - 17:42
19. März 2023 (10:00) - 19. März 2023 (12:00)

No der jorelaanger gemeinsamer Zesummenaarbecht vun de Museke vu Groussbus a Wal ass dëser Deeg di nei Groussbus-Waler Musek asbl (GWM) offiziell an hirer 1. Generalversammlung dem breede Public presentéiert ginn. An zwou ausseruerdentleche Generalversammlungen sinn di eenzel Veräiner opgeléist ginn, an d'Nettoverméige vun engem ernannte Liquidateur an dee neigegrënnte Veräin iwwerfouert ginn. Veräinsvertrieder vu béide Säiten hunn op den historesche Moment vun dëser Grënnung higewisen, woubäi et hinnen awer och wichteg war ze betounen, dat jidder Musek seng eege Geschicht wäert behalen, wéi se och an onzielegen Dokumenter festgehale ginn ass. Bei dëser Geleeënheet ass och dee neie Veräinslogo virgestallt ginn, deen sech faarflech um neie Logo vun der Fusiounsgemeng orientéiert. D'Gemengevertrieder vu Groussbus a Wal hu schliisslech deem neie Veräin zu dësem Schrëtt felicitéiert an hier Ennerstetzung an de nächste Joren zougesot.

Text: Roger Gereke